Devis

Dir wëllt fir eng Iwwersetzung oder eng Relecture mat mir zesummeschaffen? Gutt! Mee éier Dir Iech engagéiert, wëllt Dir wëssen, wéi vill eis Zesummenaarbecht Iech wäert kaschten.

Ech proposéieren Iech e gratissen Devis ouni Engagement.

D'Unzuel vun de Wierder am Ausgangstext déngt als Basis fir de Präis, an net d'Zäit, déi ech um Projet verbréngen. Dat erspuert Iech schlecht Iwwerraschungen. De Liwwertermin hänkt vun der Längt an der Komplexitéit vum Text, mee och vu mengen aktuelle Projeten of. All eenzele Client ass mir wichteg!

Nodeems Dir Är Iwwersetzung oder Relecture an Optrag ginn hutt, schécken ech Iech meng Aarbecht per E-Mail. Dono braucht Dir nëmmen nach d'Rechnung per Virement ze bezuelen.

Är Texter si confidentiel? Bei mir si se a gudden Hänn. Ech garantéieren Iech eng 100-prozenteg Vertraulechkeet an Diskretioun.

Dir wëllt e gratissen Devis ouni Engagement kréien? Schéckt mir Är Dokumenter an Är Coordonnéeën op d'Adress info@t9n.lu. Ech äntweren Iech a kierzter Zäit. Den Devis gëllt eréischt als confirméiert, wann ech Ären Accord oder e Bon de commande per E-Mail kritt hunn.