Prestatiounen

Iwwersetzungen op Lëtzebuergesch an op Franséisch

Sproochekombinatiounen

Am Laf vun de Jore sinn ech mat ville Sproochen a Kontakt komm. Mee, wéi all Iwwersetzer, deen eppes op sech hält, iwwersetzen ech ausschliisslech a meng Mammesproochen — Franséisch a Lëtzebuergesch. Nëmmen esou kritt een Texter, déi d'Spezifizitéiten an d'Feinheete vun der Sprooch berücksichtegen.

Ech proposéieren also Iwwersetzungen aus dem Engleschen, dem Däitschen an dem Spueneschen an d'Franséischt an an d'Lëtzebuergescht, mee ech iwwersetzen och vum Lëtzebuergeschen an d'Franséischt an ëmgedréint.

Fachberäicher

D'Qualitéit vun enger Iwwersetzung hänkt vum Iwwersetzer senge sproochleche Kompetenzen of, mee och vu sengem Wëssen iwwer déi verschidden Disziplinnen, an deenen e schafft.

Meng jorelaang Erfarung als Iwwersetzerin huet et mir erlaabt, Texter an Dokumenter aus vill verschiddene Fachgebitter ze iwwersetzen. Ech schaffe mech awer och gären an Ären Domän eran. Hei kritt Dir e kuerzen Abléck a meng Kompetenzberäicher:


Ëmwelt (erneierbar Energien, Energiepolitik, Recycling ...)

Ënnertitelen (Filmer, Interviewen, kommerziell Videoen, Sensibiliséierungscampagnen ...)

Industrie an Technologie (audiovisuellt Material, Dokumentatioun, Telekommunikatiounen, Multimedia ...)

Informatik (Online-Dokumentatioun, Internetsäiten, Software ...)

Marketing a Reklammen (Annoncen, E-Mailen, Flyeren, Pressecommuniquéen, Pressendossieren, Broschüren, Newsletteren ...)

Medezin (Studien, Questionnairen, Broschüre fir d'Patienten ...)

Naturwëssenschaften (Biologie, Pharmaberäich, Ernärung ...)

Politik (Europäesch Unioun, international an europäesch Organisatiounen, Kooperatioun an Entwécklung, international Politik, national Politik a Gemengepolitik ...)

Sozial- an Humanwëssenschaften (Educatioun, Musek, Pedagogik ...)

Verwaltung (Korrespondenz, E-Mailen, Invitatiounen, Rapporten, Questionnairen an Ëmfroen, Pressecommuniquéen ...)

Relecturen op Lëtzebuergesch an op Franséisch

Dir hutt en Artikel, eng Broschür, e Schreiwes, eng Ried, en Text oder de Contenu vun Ärer Internetsäit op Franséisch oder op Lëtzebuergesch verfaasst an Dir wëllt Är Dokumenter grëndlech iwwerpréiwe loossen, éier Dir se publizéiert? Dat ass e gudde Reflex. Eng extern Persoun huet déi néideg Distanz, fir d'Orthografies- a Grammatiksfeeler ze identifizéieren, mee och fir d'Interpunktioun an de Stil ze verbesseren.

Als Iwwersetzerin fir Lëtzebuergesch a Franséisch kennen ech all d'Feinheete vun dësen zwou Sproochen. Kontaktéiert mech!